Toggle Navigation
Games
Blog
Class PIN
Join for Free
Sign in
Toggle Navigation
Games
PIN
Join for Free
Blog
Pricing
Contact us
Help center
Sign in
Study
LUXEM CA - Schueberfouer & Aféierung an d'Musek ...
0
%
0
0
0
Back
Restart
Wéi heescht dee prominente Lëtzebuerger Auswanderer, deen haut virun allem bekannt ass fir seng Ausstellung "Family of Man" am Clierfer Schlass?
Edward Steichen
Oops!
Okay!
Wat ass en Hammel?
E Schof
Oops!
Okay!
Op wat fir e Kontinent sinn am 19. Joerhonnert vill Lëtzebuerger Awunner ausgewandert?
Op den amerikanesche Kontinent
Oops!
Okay!
Wéi heescht de Fausti mat biergerlechem Numm?
Faustino Cima
Oops!
Okay!
Wéi heescht Schutzhellege vun de Baueren, Hierten, Fëscher a Wënzer?
Hellege Bartholomäus
Oops!
Okay!
Wat fënnt een nieft den Attraktiounen a Spiller nach op der Schueberfouer? Äntwert: Zirkus mat Déieren, Péckvillercher oder Kreemerchersstänn?
Kreemerchersstänn: Verkaafsstänn mat ville verschiddenen Artikelen.
Oops!
Okay!
Wou gouf d’Schueberfouer fir d’éischt organiséiert? Äntwert: Um Glacis, um Knuedler oder um Helleg-Geescht-Plateau?
Helleg-Geescht-Plateau och als Plateau Saint-Esprit bekannt
Oops!
Okay!
Wéi heescht deen Dag, deen enk mat der Schueberfouer verbonnen ass, deen op den Hellege Bartholomäus zeréckgeet?
Bartelméisdag
Oops!
Okay!
A Prozent: Wéi vill Lëtzebuerger Awunner hunn deemools hiert Doheem verlooss?
Tëscht 40 a 50 % vun der Gesamtbevëlkerung
Oops!
Okay!
Wéi heescht dat offiziellt Maskottche vun der Schueberfouer?
Lämmy
Oops!
Okay!
De Jang de Blanne war wierklech blann. Richteg oder falsch?
Richteg, hien huet d'éischt dat rietst an duerno dat lénkst A verluer.
Oops!
Okay!
A wat fir enger Schrëftaart goufen am 19. Joerhonnert Texter an Zeitungen oder Bicher oft geschriwwen?
A Fraktur-Schrëft
Oops!
Okay!
1996 koum dem Fausti säi wuel gréissten Hit eraus, woufir hien ënner aneren vum Zockerbäckermeeschterverband geéiert gouf. Wéi heescht dësen Titel?
"Zwou Bulle Mokka"
Oops!
Okay!
Wat ass wuel mat der Ausso gemengt, datt Lëtzebuerg sech ufangs vum 20. Joerhonnert vum Aus- zum Awanderungsland entwéckelt huet?
Mat der Eisenindustrie an der industrieller Revolutioun ass Lëtzebuerg vun engem Auswanderungsland zu engem Awanderungsland ginn.
Oops!
Okay!
Wéi vill Visiteure gi ronn all Joer op d’Schueberfouer?
Ronn 2 Milliounen
Oops!
Okay!
Wéi laang huet d’Schueberfouer am Ufank gedauert a wéi laang dauert se lo?
Ufank: 1 Woch; Lo: 3 Wochen.
Oops!
Okay!
Wat war am Joer 2013 enger RTL-Ëmfro no d'Onwuert vum Joer?
"En français svp."
Oops!
Okay!
Wien huet d’Schueberfouer sou ze soe gegrënnt?
De Jang de Blannen
Oops!
Okay!
A wat fir enger Lëtzebuerger Dageszeitung gouf Reklamm fir d'Expeditioune mat Schëffer gemaach?
Am "Luxemburger Wort"
Oops!
Okay!
Nenn 2 Lidder vum Nationaldichter Michel Lentz!
"De Feierwon", "Ons Heemecht", "An Amerika", ...
Oops!
Okay!
Wou ass de Fausti de 24. Juli 1940 gebuer?
Am Gronn an der Stad
Oops!
Okay!
Wéini geet déi éischt Eisebunnslinn zu Lëtzebuerg op d'Schinnen?
1859
Oops!
Okay!
Nenn en anert Wuert fir "Immigratioun"!
Awanderung
Oops!
Okay!
Wéini gouf d’Schueberfouer gegrënnt? Äntwert: 1340, 1540 oder 1740?
Den 20. Oktober 1340
Oops!
Okay!
Wat fir 2 Lidder ginn ëmmer fir d'Kiermes ogestëmmt?
"Den Hämmelsmarsch" an "'t ass Kiermes am Duerf"
Oops!
Okay!
Wou fënnt dat traditionellt Ofschlossfreedefeier vun der Schueberfouer statt?
Op der Rouder Bréck (Pont Grand-Duchesse Charlotte)
Oops!
Okay!
Wéi heescht déi Regioun, wouriwwer de Jang de Blannen am 14. Joerhonnert Kinnek gouf, déi an der heiteger Tschechescher Republik läit?
Béimen (Böhmen)
Oops!
Okay!
Wéi heescht d'Lidd vum Fausti, an deem hien op satiresch Manéier iwwer d'Lëtzebuerger an d'Fransousen am Land de Geck mécht?
"Vache Glift"
Oops!
Okay!
Nenn en anert Wuert fir "Emigratioun"!
Auswanderung
Oops!
Okay!
Zu wat fir engem historeschen Evenement gouf de "Feierwon" gesongen?
Éischt Lokomotiv zu Lëtzebuerg
Oops!
Okay!
Your experience on this site will be improved by allowing cookies.
Allow cookies